Zu Monaco konnte sech d'Turiner scho mat 2:0 duerchsetzen, ma och doheem hu si näischt ubrenne gelooss.

Juventus Turin - AS Monaco 2:1 (2:0)
1:0 Mandzukic (33'), 2:0 Alves (45'), 2:1 Mbappé (69')

AUDIO: Champions League Resumé: Nico Keiffer

No der 0:2 Defaite doheem muss Monaco op d'mannst zwee Mol zu Turin treffen, fir iwwerhaapt nach eng Chance op eng Verlängerung an esou op d'Finale ze hunn.

An esou hunn d'Monegassen och ugefaangen. Schonn no 5 Minutten hate si eng grouss Goalchance, ma den Mbappé stoung nom Schoss vum Moutinho, deen ofgefälscht gouf, am Abseits an hat just de Potto getraff. No 10 Minutten dunn e Wiessel bei Juventus: De Khedira souz um Buedem an huet sech un de Uewerschenkel gegraff, de Marchisio koum fir hien an de Match.

Déi éischt 20 Minutten hat Monaco däitlech méi vum Match, ma konnt sech net definitiv géint d'Defense vu Juventus duerchsetzen. Dono koum Juventus awer besser an d'Spill, dat mat Chancë vu Mandzukic oder Pjanic.

An der 33. Minutte dann den 1:0 fir Juventus, no engem Korner mécht de Buffon de Match séier, ma Monaco konnt den éischte Ball nach stoppen. Ma géint déi gutt Flank vum Dani Alves konnt d'Defense näischt maachen, de Käpper vum Mandzukic konnt den Subasic nach paréieren, ma géint den Noschoss hat hie keng Chance.

VIDEO: Juventus-Monaco: 1:0 Mandzukic
De Mandzukic konnt eng gutt Flank vum Dani Alves ausnotzen.

Et ass weider monter offensiv gespillt ginn. Den Mbappé hat nach eng gutt Chance, ma et war den Dani Alves an der 44. Minutte, dee mat engem Dramgoal den 2:0 markéiert huet. Den Subasic konnt e Korner ofwieren, ma den Dany Alves huet de Ball op ronn 20 Meter mat vollem Risiko Vollet geholl a markéiert. Esou ass et dann och an d'Paus gaangen.

VIDEO: Juventus-Monaco: 2:0 Dani Alves
Den Dramgoal vum Dani Alves kéint schonn d'Virentscheedung sinn.

No der Paus hat an den éischten 10 Minutten Juventus méi vum Spill a konnt sech och nach déi eng oder aner Chance erausspillen, ma net verwandelen. Bei Monaco huet een de Frust gesinn, wat sech och an hiren Aktiounen a Reaktiounen erëmgespigelt huet, wéi beim Mendy, deen de Ball no enger Decisioun vum Arbitter ewechgeschoss huet.

Juventus huet den Tempo e bëssen aus dem Spill geholl an dat huet Monaco konnten ausnotzen. An der 67. Minutte huet den Mbappé nach den Duell géint de Buffon verluer, ma kuerz nom Korner, deen doraus entstanen ass, konnt de jonke Stiermer de Routinier am Goal iwwerwannen, dat no enger gudder Pass vum Moutinho.

VIDEO: Juventus-Monaco: 2:1 Mbappé
De jonke Stiermer vu Monaco konnt no enger kuerzer Flank op 2:1 verkierzen.

De Match ass dono e bësse méi haart an och onfair ginn. Chance haten do de Mandzukic, deen den Ielebou agesat hat, an de Glik, deen dem Higuain op d'Bee getrëppelt war, datt den Arbitter d'Kaarten an der Täsch gelooss huet. Ëmmer nees hu méi kleng a méi grouss Feeler an de leschte Minutte de Match dominéiert. Grad de Glik vu Monaco war do ëmmer nees am Mëttelpunkt. Esou richteg a Gefor si béid Goalkeeper awer net méi komm. Och de leschte Korner an der 94. Minutte fir Monaco huet näischt méi abruecht anesou qualifizéiert sech Juventus mat 4:1 aus béide Matcher fir d'Finale.

E Mëttwoch trëfft dann Atletico Madrid op Real Madrid, déi Kinneklech konnte de Match doheem mat 3:0 gewannen. D'Finale tëscht Juventus an dem Gewënner vum Madrider Derby ass den 3. Juni zu Cardiff.