Op der Basketball-Europameeschterschaft stinn déi 16 Ekippen fest, déi an den Aachtelsfinallen spillen.

Am Grupp A setzt sech d'Tierkei um Mëttwoch no enger spannender Schlussphas mat 95:90 géint Serbien duerch an séchert sech domat déi éischte Plaz am Grupp. 28 Punkten, 13 Rebounds an 8 Assists goungen dobäi op de Kont vum Alperen Sengun. Den 23 Joer alen NBA-Star stellt bei der EM ënner Beweis, dass him eng grouss Zukunft bevirsteet. Fir Serbien et des Defaite den zweete Réckschlag nom Ausfall vum Kapitän Bogan Bogdanovic, allerdéngs bleift d'Ekipp ronderëm de Superstar Nikola Jokić am enke Favoritekreess.

Aktioun géint Rassismus

De Weltmeeschter Däitschland konnt bis elo op ganzer Linn iwwerzeegen. Um Mëttwoch konnt sech d'Ekipp ronderëm de Franz Wagner kloer mat 91:61 géint Finnland duerchsetzen a wënnt de Grupp B souverän. An der Aachtelsfinall waart Portugal op eisen Noper.

Leider gouf et op der EM och e Rassismus-Skandal. Den däitschen NBA-Star Dennis Schröder gouf an engem Match vun der Tribün rassistesch beleidegt. Am Match géint Finnland huet d'FIBA mat enger Aktioun géint Rassismus reagéiert. Déi ronn 13.000 Fans krute rout Kaarte mam Slogan "Stop racism".

An de Gruppe C a D stoung um Donneschdeg de leschte Spilldag um Programm. Hei ass et den Out fir den Titelverdeedeger Spuenien, dee just déi fënneft Plaz am Grupp C erreecht huet. Georgien steet iwwerraschend an der Aachtelsfinall, ass do allerdéngs géint Frankräich de kloren Underdog. De Slowen Luka Doncic ass mat 32,4 Punkten den Topscorer vun der EM. Obseng individuell Leeschtunge géint déi richteg staark Géigner wäerten duergoen, wäert sech an e puer Deeg weisen.

Alles kuckt op Riga 

A véier Länner (Zypern, Finnland, Polen a Lettland) gouf d'Gruppephas vun der Europameeschterschaft 2025 gespillt. Vun den Aachtelsfinallen u ginn all Matcher zu Riga a Lettland gespillt, déi grouss Finall steet de 14. September um Programm. D'Lokalekipp konnt bis elo e staarkt Turnéier spillen a mécht sech duerchaus Hoffnungen, nach mindestens en Tour weider ze kommen.

Aachtelsfinallen am Iwwerbléck

Däitschland - Portugal
Litauen - Lettland 
Serbien - Finnland
Tierkei - Schweden
Italien - Slowenien
Polen - Bosnien an Herzegowina 
Griichenland - Israel
Frankräich - Georgien