Bayern München wënnt den Telekom Cup

© afp
Um Samschdeg war zu Mönchengladbach den Telekom Cup, mat derbäi ware Gladbach, Hoffenheim a Bremen.
4 Equippe sinn a Matcher vun all Kéiers 45 Minutte géinteneen ugetrueden. Am éischte Match hu Gladbach a Bremen géintenee gespillt. An dësem Match gouf et no 45 Minutte kee Gewënner, esou dass et direkt an d'Eelefmeterschéisse gaangen ass. Hei war Bremen déi besser Equipe a si sinn esou an d'Finall komm.
De Géigner an der Finall ass am Spill Bayern géint Hoffenheim ermëttelt ginn. No 45 Minutte stoung et hei 1:0 fir den däitsche Rekordchampion, dat duerch ee ganz flotte Goal vum Lewandowski op Virlag vum Bernat.
Am Match ëm déi drëtt Plaz ass du Gladbach op Hoffenheim getraff an och hei war et nees dat nämmlecht. Kee Goal no 45 Minutten an am Eelefmeterschéisse war Gladbach nees net staark genuch, esou dass d'Victoire un Hoffenheim gaangen ass.
An der Finale sinn déi zwee Gewënner géinteneen ugetrueden, dat waren op där enger Säit d'Bremer an op där aner Säit den amtéierende Champion vu München. Wéi géint Hoffenheim konnt Bayern de Match fir sech entscheeden. Den éischte Goal huet den Thomas Müller geschoss op Virlag vum Rafinha.
De Bernat huet Bayern du mat 2:0 a Féierung bruecht, dat no enger flotter Une-Deux mam Müller.
Kuerz viru Schluss huet de Müller nach een Eelefmeter verschoss, ma Bayern konnt de Virsprong awer souverän verteidegen a wënnt esou dës Editioun vum Telekom Cup.