D'Red Boys wannen ganz knapp mat 31-30 géint Bierchem

Den HB Diddeleng spillt doheem 31-27 géint den HB Käerjeng a Schëffleng verléiert 33-36 géint den HB Péiteng.
Den Tabellenéischten HB Diddeleng hat sech laang schwéier gedoen. De Match war laang ausgeglach. Eréischt an de leschten 10 Minutten konnt sech den HBD lues a lues ofsetzen a mat 31-27 géint Käerjeng duerchsetzen.

An der Partie Red Boys géint Bierchem louchen déi Déifferdenger an der Halschent mat 18-11 a Féierung. Bierchem hat sech awer net esou schnell geschloen ginn an huet an der zweeter Halschent den Ecart nees lues a lues verkierzt. 2 Minutten virun Schluss war de Match beim Score vun 30-30 nees ausgeglach. D'Red Boys konnten awer gutt eng Minutt virun Schluss den entscheedenden Goal markéieren a behaapten sech um Enn mat 31-30.
An der Tabell huet den HB Diddeleng aktuell 1 Punkt Virsprong op d'Red Boys.
Um 12. Spilldag bei den Dammen wënnt Dikrech 33-21 géint Schëffleng an den Tabelleleader Diddeleng klappt d'Red Boys mat 37:19.