D'Red Boys klappen Esch 31:24
Am Handball stoung de leschte Spilldag virun de Play-offs um Programm.
Hären
Bei den Häre ka sech Bierchem ganz däitlech mat 44:24 géint den Tabelleleschten Dikrech duerchsetzen. Schonn an der Paus stoung et 18:11. D'Lokalequipe huet Dikrech soumat ni eng Chance gelooss. Mat 9 Goaler konnt den Geoffroy Guillaume iwwerzeegen.
Am Topmatch vum leschte Spilldag virun de Play-offs gewannen d'Red Boys vun Déifferdeng mat 31:24 géint den HB Esch. Fir d'Red Boys waren d'Topscorer de Marin Knez (8 Goaler), Senjin Kratovic (7) a Yann Hoffmann (7).
Eng aner ganz däitlech Affär gouf et am Match tëscht Schëffleng a Käerjeng wou sech d'Gäscht vu Käerjeng mat 45:26 kënnen duerchsetzen.
Ausserdeem verléiert Péiteng nach mat 27:34 doheem géint Diddeleng. An der Halschent stoung et 15:18.
Virum Play-off steet Diddleng un der Spëtzt vun der Tabell mat 24 Punkten. Do hannendru kommen d'Red Boys a Bierchem mat 21 Punkten. Op der 4. Plaz steet Esch mat 19 Punkten.
Link: D'Resultater am Iwwerbléck
Dammen
Bei den Damme konnt sech um éischte Match vum Dag de CHEV Dikrech mat 24:17 géint den HB Museldall duerchsetzen. Am zweete Match ass et eng nach méi däitlech Affär ginn a Käerjeng gewënnt mat 34:21 zu Schëffleng.