Ganz knapp ka sech Bierchem zu Diddeleng behaapten
An deenen anere Mëttwochsmatcher setzt sech esch doheem kloer géint Dikrech duerch an d'Red Boys ginn op Käerjeng gewannen.
Drëtte Spilldag e Mëttwoch den Owend am Handball-Championnat, wou et dës Resultater gouf:
HB Esch-CHEV Dikrech 30:24
Deéi Escher konnten déi Dikrecher bal vun Ufank un op Distanz halen.
HB Diddeleng-HC Bierchem 27:28
Bierchem war ewell 26 op 21 vir, wéi et op eemol, no engem Laf vun deenen Diddelenger, 26:26 stoung. Deementspriechend hektesch war d'Schlussphas ...
HB Käerjeng-Red Boys 28:32
No 29 Minutte stoung et 15:15, ma du konnte sech d'Red Boys eng Avance erausspillen an déi bis zum Schluss geréieren.
Handball: Resultater an Tabell.
En Donneschdeg spillen nach Péiteng géint Schëffleng, déi allebéid nach keng Punkten um Kont hunn.

HB Diddeleng géint Bierchem / © Serge Olmo