Den HBC Schëffleng huet en Donneschdeg den Owend den éischte Match vun der nach jonker Handball-Saison gewonnen, dat mat 39:25 géint Péiteng.

Am Kellerduell tëscht Péiteng a Schëffleng waren et d'Gäscht vu Schëffleng, déi dee kloer bessere Start erwëscht haten. No knapp 3 an hallwer Minutt louche si nämlech schonns mat 4:1 am Avantage. Ma du sinn d'Haushären awer wakereg ginn a konnte mat 6:5 a Féierung goen, dat well si elo an der Offensiv ee gutt Stéck méi staark gi sinn a well déi Schëfflenger entweder um Péitenger Golkipp oder um Potto hänkebliwwe sinn.

Ma dunn huet Schëffleng nees d'Rudder iwwerholl an esou konnten d'Gäscht een 8:0-Laf lancéieren, fir mat 13:6 dovun ze zéien.

No dësem Laf sollt et méi equilibréiert viru goen, wann och Schëffleng weiderhin een Tick méi staark war, esou dass si zur Paus beim Stand vun 23:13 ganzer 10 Punkten Avance haten.

An der zweeter Hallschent ass dunn net méi vill geschitt, Schëffleng konnt d'Avance nach liicht ausbauen, esou dass si um Enn souverän mat 39:25 gewannen an domat déi éischt Victoire fir dës Saison feiere kënnen.