De Spëtzematch vum 4. Spilldag huet gehale wat e versprach hat an um Enn gëtt et kee Gewënner a béid Ekippen trenne sech mat 29:29.

Souwuel bei den Hären wéi och bei den Dammen gouf e Mëttwoch jeeweils e Match vum 4. Spilldag gespillt. Bei den Dammen gewënnt den HB Käerjeng däitlech mat 31:17 zu Schëffleng.

Hären-Handball

HC Bierchem - HB Esch 29:29 (17:15)

An der éischter Halschent huet de Match gehalen wat e versprach huet. Et war ganz enk a keng vun deenen 2 Ekippen konnt sech ni richteg ofsetzen. Bierchem war awer bal déi ganz Halschent iwwer ëmmer liicht am Avantage a konnten dann och mat enger Avance vun 2 Goler an d'Paus goen.

No der Paus hat sech net vill geännert an et ass weider bei engem ganz enke Match bliwwen. Bierchem ass och weider ëmmer am Avantage bliwwen. Déi Escher haten sech awer festgebass an 12 Minutten viru Schluss waren et du Si déi a Féierung gaange sinn an de Match op hir Säit gedréit hunn. Mee e Gewënner stoung nach laang net fest an et ass bis déi lescht Minutt gekämpft ginn.

AUDIO: Handball Bierchem - Esch: Reportage Serge Olmo

Dammen-Handball

HBC Schëffleng - HB Käerjeng 17:31 (9:12)

Den HB Käerjeng konnt sech séier e Virsprong vu 4 Goler erausspillen. Dëse Virsprong vun 3/4 Goler konnten se och déi ganz 1. Halschent halen an et ass mat engem 12:9 fir Käerjeng an d'Paus gaangen.

No der Paus konnten déi Schëfflenger den Tempo vun de Gäscht awer net méi matgoen a louchen séier mat engem Retard vun 10 Goler zeréck. D'Gäscht konnten dësen an de Minutten dono nach weider ausbauen a gewannen schlussëndlech däitlech mat 31:17.