HB Esch wënnt serréiert Spëtzepartie beim HB Diddeleng
An den zwou weidere Partië vun e Samschdeg den Owend gouf et souverän Victoirë fir d'Red Boys a Bierchem.
De Weekend steet de 5. Spilldag vum Handball-Championnat um Programm.
Bei den Hären ass de Weekend de HB Käerjeng net am Asaz, well de Lëtzebuerger Champion e Sonndeg am zweeten Tour vum EHF-Cup géint déi belsch Ekipp Bocholt gefuerdert ass.
Hären-Handball
HB Diddeleng - HB Esch 24:26
D'Spectateuren hunn ee spannende Match tëscht dem HB Diddeleng an dem HB Esch gesinn. Béid Ekippen hu sech näischt geschenkt an d'Féierung ass ëmmer erëm hin an hier gaangen. No 22 Minutte stoung et 10:10 gläich. Bis d'Paus konnt Esch dunn nees d'Féierung iwwerhuelen a sech e klenge Virsprong vun 2 Goler erausspillen, sou datt et 14:12 stoung. Am grousse Ganze gouf et an den éischten 30 Minutten op béide Säite relativ vill Feeler an einfach Schëss goufen net genotzt. Déi Escher waren do liicht besser a lounge dowéinst verdéngt a Féierung.
An den zweeten 30 Minutten ass et weider enk bliwwen, ma déi Escher haten d'Nues weider vir. Den HB Diddeleng konnt de Réckstand permanent bei 2 respektiv engem Gol halen, ma hinnen ass et net gelongen auszegläichen oder a Féierung ze goen. No 45 Minutte stoung et 19:18 fir d'Gäscht. Bis zum Schluss hunn déi Escher den HBD op Distanz gehalen a gewanne eng hektesch Partie mat 26:24. Den HB Esch bleift domadder ongeschloen un der Tabellespëtzt.
Bierchem - Chev Dikrech 38:15
Keng Problemer hat Bierchem géint de Chev Dikrech. Vun der éischter Minutt un, huet d'Lokalekipp fir kloer Verhältnisser gesuergt. An der Paus loungen déi Bierchemer mat 18:9 a Féierung. No der Paus war et dat nämmlecht Bild. Bierchem huet de Match dominéiert a keng Zweiwel un enger Victoire opkomme gelooss. 15 Minutte viru Schluss loung ee mat 17 Goler a Féierung an et stoung 28:11. Bis zum Schluss huet ee weider konzentréiert gespillt, fir um Enn ganz kloer mat 38:15 géint Dikrech ze gewannen. E Battere Spilldag fir d'Gäscht.
Déi meeschte Goler bei de Bierchemer huet den Dany Scholten geschoss. Hien huet 8 Mol getraff.
Red Boys Déifferdeng - HBC Schëffleng 36:21
Keng Problemer hunn d'Red Boys e Samschdeg den Owend géint Schëffleng kannt. Déi Déifferdeng konnte sech fréi an der Partie e Virsprong erausspillen, sou datt et no 10 Minutte scho 7:2 stoung. De Favorit vum Owend huet duerno weider säi Spill duerchgezunn an hat no 20 Minutten ee Virsprong vun 10 Goler an et stoung 15:5. Bis d'Paus ass ee weider dovunner gezunn an esou ass ee mat engem Polster vun 13 Goler an déi zweet 30 Minutte gaangen.
No der Paus sinn d'Red Boys weider ganz souverän opgetrueden an hu Schëffleng net an de Match komme gelooss. No 45 Minutte stoung et 28:14. Och an de leschte Minutten huet Déifferdeng de Virsprong souverän verdeedegt, fir um Enn mat 36:21 ze gewannen. Den Damir Batinovic huet bei de Red Boys am Dackste getraff, nämlech 5 Mol.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
Dammen-Handball
Red Boys -Schëffleng 18:22 (10:12)
Käerjeng - HC Réiden 44:6 (22:2)
HB Diddeleng - Museldall 28:26 (13:16)
HC Standard - Chev Dikrech 16:24 (7:14)