Bei den Damme gëtt Réiden vun Diddeleng iwwerrannt, Käerjeng klappt de Museldall, Dikrech wënnt doheem däitlech géint d'Red Boys.

Um Samschdeg stoung am Handball bei den Hären a bei den Dammen jeeweils de 6. Spilldag um Programm. Bei den Hären hat de CHEV Dikrech d'Red Boys vun Déifferdeng op Besuch. D'Matcher tëscht dem HB Esch a Käerjeng a Péiteng géint Diddeleng ginn de 16. Oktober nogeholl.

Bei den Damme stoungen um 6. Spilldag déi 3 Partien um Programm.

Hären-Handball

CHEV Dikrech - Red Boys Déifferdeng 26:35

Zu Dikrech waren et d'Gäscht aus dem Süden, déi den Toun an den éischte 15 Minutte uginn hunn, a sech eng komfortabel Avance vu 7 Goler erausgespillt hunn a louche mat 11:4 an Avance.

D'Red Boys hu sech dee Virsprong bis zur Paus och net méi huele gelooss a sou ass et mat engem Score vun 13:19 zu Gonschte vun Déifferdeng an d'Paus gaangen.

An der 2. Halschent konnt Dikrech de Réckstand liicht verklengeren, ma Déifferdeng huet awer näischt ubrenne gelooss. No 40 Minutte louchen d'Männer aus dem Süde mat 24 op 19 a Féierung.

10 Minutte viru Schluss war beim Stand vun 22:30 aus der Sicht vun Dikrech kloer, dass Déifferdeng dës Victoire mat heem huele kann. Um Enn wënnt Déifferdeng mat 35:26 zu Dikrech.

Dammen-Handball

HB Museldall - HB Käerjeng 22:29

HC Réiden - HB Diddeleng 4:41

CHEV Dikrech - Red Boys 32:14