Um 7. Spilldag konnt sech Käerjeng géint den HDB duerchsetzen. Esch bleift weiderhin ongeschloen den 1. an der Tabell.

Am Hären-Handball war et de Spëtzematch tëscht Käerjeng an Diddeleng. Déi aner Topp-Partie gouf tëscht Bierchem an de Red Boys gespillt.

Bei den Damme stoung den Toppmatch tëscht dem HB Käerjeng an dem HB Diddeleng am Virdergrond. Um Käerjenger Dribbel wollt de Champion sortant vun der leschter Saison d'Punkten an der Brauereistad halen - dem Coach Radojevic seng Damme konnten de Spëtzematch mat 24:21 wannen.

Hären-Handball

HB Käerjeng - HB Diddeleng 32:28

An der éischter Spëtzepartie stounge sech déi zwou Ekippe géigeniwwer, déi ganz no an der Tabell beienee leien. Béid Formatioune ware virun dëser Explikatioun an der Tabell punktgläich op der 4. Positioun ënnerwee. De Champion sortant vun der leschter Saison wollt awer virum Heempublic onbedéngt punkten.

Laang war et an der éischter Hallschecht erwaart serréiert. Kuerz virun der Paus koum d'Lokalekipp besser an de Match an hat Iwwerwaasser, sou datt et no 26 Minutte Spillzäit deen éischte méi däitlechen Ecart vum Match gouf - d'Heemekipp war zu deem Abléck mat 14:9 vir.

RTL

© Gilles Tricca

De Pausescore war 16:10 zu Gonschte vum Lokalveräin, wat opgrond vum den zweete 15 Minutten am éischten Duerchgang an d'Rei goung.

Am zweeten Duerchgang hunn déi zwou Defensen net gutt funktionéiert - et si Goler drop an dowidder gefall. Op Käerjenger Säit war et de Martin Hummel, deen sech direkt e puer Mol mat Goler op de Spillbou schreiwe konnt, sou datt kuerz nom Téi de Score bei 22:15 fir d'Lokalekipp stoung. D'Gäscht hunn zu deem Ament misse oppassen, net richteg ënnert d'Rieder ze kommen.

Zéng Minutte viru Schluss war d'Partie dunn erëm méi serréiert an de Virsprong vu Käerjeng ass op 4 Goler geschmolt. Käerjeng wollt dësen Ecart gemittlech heem bréngen, ma dat war d'Rechnung ouni d'Diddelenger gemaach. Dräi Minutte virum Enn war den HBD just nach 2 Goler hannendrun.

30 Sekonne virum Schluss vum Match gouf et nach ee 7 Meter fir d'Käerjenger, déi si och notze konnten an d'32:28-Victoire soumat kloermaache konnten.

RTL

© Screenshot

HC Bierchem - Red Boys 33:36

Bierchem - Red Boys
Hei stoung sech den 2. géint den 3. géigeniwwer.

Am zweeten Toppmatch vum Samschdegowend stounge sech déi Zweet- an Drëttplacéiert géigeniwwer. Bierchem huet bis elo déi meeschte Goler an der Saison geschoss a wollt hir offensiv Stäerkt och doheem ënner Beweis stellen.

RTL

© Serge Olmo

Dem Trainer Roussel seng Formatioun vun Déifferdeng hat awer eppes dogéint an hat ee groussen Deel vum Match ëmmer ee liichte Virsprong vun 2 oder 3 Goler. Zéng Minutte virum Enn haten d'Red Boys dunn ee Virsprong vu 4 Goler an et huet gutt ausgesinn fir d'Déifferdenger.

Schliisslech sollt de Match mat engem 3-Goler-Ecart fir d'Red Boys ausgoen, wat fir d'Déifferdenger weiderhin d'Plaz 2 an der Tabell bedeit.

HB Esch - HB Péiteng 37:20

Den Tabellenéischte vun Esch hat virum eegene Public géint den HB Péiteng keng gréisser Schwieregkeeten an ass senger Favoritteroll gerecht ginn. Schonn no 30 Minutte war d'Heemekipp mat 16:9 vir an zu deem Zäitpunkt war scho quasi gewosst, datt et eng weider Victoire fir den HB Esch wäert ginn.

D'Heemformatioun huet awer och am zweeten Duerchgang net no ginn an huet weider monter opgeschoss. Um Enn stoung eng däitlech 37:20-Victoire op der Tafel. Topscorer beim HBE war den Dimitri Mitrea mat 7 perséinlechen Treffer.

HBC Schëffleng - CHEV Dikrech 20:26

Am Centre Sportif zu Schëffleng war de Chev Dikrech op Besuch. Hei goung et ëm déi sou wichteg Plaz 6, déi jo d'Kaart fir den Titelgrupp bedeit - de Gewënner géif also ee grousse Schrëtt no vir maachen.

An et war déi serréiert Partie, déi jiddereen erwaart hat: et goung mat engem 11:11 an d'Paus. Weider ausgeglach ass et nom Téi du weidergaangen, ma de Knackpunkt vum Match war ëm d'Minutt 39. De Chev konnt dräimol hannerenee markéieren an ee klenge Sputt erausspillen. 5 Minutte virum Enn gouf et ëmmer méi däitlech fir Dikrech, déi dës Partie dann och verdéngt fir sech kënnen entscheeden.

Dammen-Handball

HB Käerjeng - HB Diddeleng 24:21

De Champion Käerjeng hat als 1. an der Tabell, Diddeleng als 2. um Käerjenger Dribbel op Besuch. Et war deemno d'Affiche vum Champion géint de Coupegewënner.

An der Paus stoung et schonn 12:9 an d'Käerjenger Dammen sollten d'Nues och den zweeten Duerchgang vir hunn. D'Schlussvictoire fir d'Lokalekipp louch um Enn bei 24:21.

HBC Schëffleng - CHEV Dikrech 23:37

An der Paus stoung et well 14:18, den Ecart fir Dikrech ass nach eropgaangen an et gouf eng 37:23-Victoire.

HC Standard - Red Boys 21:21

Ee Gläichstand vun 13:13 an der Paus an ee Gläichspill vun 21:21 um Enn bei der Partie tëscht Standard an de Red Boys.

HB Museldall - Réiden 15:0 (forfait)