Red Boys wanne Spëtzepartie géint Esch

Red Boys - HB Esch / © Serge Olmo
Bierchem wënnt ganz héich géint Péiteng a Käerjeng feiert eng souverän Victoire géint Dikrech. Bei den Dammen ka Käerjeng géint Dikrech gewannen.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an den Dammen de 8. Spilldag.
Hären-Handball
Red Boys - HB Esch 37:30
Dës Partie war de Spëtzematch vum 8. Spilldag an dee sollt och halen wat e Versprach huet. Virun der Paus konnte sech d'Red Boys zwar eng kéier mat 4 Goler ofsetzen mee déi Escher sinn dono nees erukomm an et ass mat engem 16:16 an d'Paus gaangen.
No der Paus hunn d'Red Boys awer d'Muskele spille gelooss a konnten sech séier e Virsprong vu 4 Goler erausspillen. Dëse Réckstand sollt Esch dann och net méi ophuelen a verléieren dann awer däitlech mat 30:37. Dëst ass déi éischt Néierlag fir Esch an dëser Saison. Déifferdeng ass elo néien Tabelleleader.
CHEV Dikrech - HB Käerjeng 31:35
An dësem war d'Favoritteroll kloer verdeelt mee Käerjeng huet sech dach awer schwéier gedoen fir sech richteg vun den Escher ofzesetzen. Sou haten se an der Paus och just e Virsprong vun 3 Goler (17:14). An der zweeter Halschent huet Käerjeng dëse Virsprong méi oder manner souverän bis an d'Zil bruecht.
HC Bierchem - HB Péiteng 40:19
Manner Problemer hat Bierchem mat Péiteng. Nodeems se mat engem Virsprong vu 5 Goler (15:10) an d'Paus gaange sinn, hunn se direkt no der Paus e Gang eropgeschalt an de Virsprong no 10 Minutten op 12 Goler ausgebaut.
Och dono war keng Besserung bei Péiteng a Siicht a Bierchem gewënnt ganz kloer mat 40:19. Bescht Buteuren fir Bierchem waren den Dany Scholten (9) an de Ben Weyer (8).
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
Dammen-Handball
CHEV Dikrech - HB Käerjeng 14:21 (6:10)
Red Boys - Museldall 27:37 (12:20)
Schëffleng - HB Diddeleng 26:33 (11:20)
HC Standard - HC Réiden 36:15 (15:7)