Eemol kënne mat senge Lëtzebuerger Liiblingsfuttballspiller zesummen um Terrain stoen.

Dësen Dram gouf de Schüler aus der Primärschoul vun Diddeleng am Kader vum Weltkannerdag erfëllt. Mir waren d’F91-Spiller an déi jonk Begeeschtert op Diddeleng besichen. Si duerften souguer e Match mat hinne spillen.