Kee Gewënner tëscht dem HBD an de Red Boys

Péiteng verléiert däitlech géint de CHEV vun Dikrech, Esch iwwerrennt doheem schwaach Schëfflenger.
Am Handball stoung um Samschdeg de 9. Spilldag bei den Hären a bei den Dammen um Programm.
Hären-Handball
HB Diddeleng - Red Boys Déifferdeng 28:28
Den Tabelleleader vun Déifferdeng war am Spëtzematch vum 9. Spilldag bei Diddeleng op Besuch. Et war vun Ufank un deen erwaart ausgeglachene Match. Sou stoung et och no 13. gespillte Minutten 7:7. Duerno konnte sech d'Red Boys licht ofsetzen, dëst bis zum Stand vun 10:8 aus hirer Sicht. Et ass bei enger ganz spannender Partie bliwwen. De Spëtzematch huet gehale wat e versprach hat, a sou ass et mat engem Score vu 14:14 an d'Paus gaangen.
Nom Wiessel waren et d'Haushäre vun Diddeleng, déi sech no 40 Minutte konnten een 2-Goler-Virsprong erausspillen, dëst beim Stand vu 17:15. Nodeems sech Déifferdeng erëm op 17:17 erugekämpft hat, waren déi nächst dräi Punkte fir de Compte vum HBD a sou stoung et eng véierel Stonn viru Schluss 20:17 fir d'Haushären. Déifferdeng krut sech awer emmer erëm erugekämpft, a sou ware si 2 Minutte virum Enn vun der Partie mat engem Punkt an Avance. No engem 7 Meter vum Tommy Wirtz, deen insgesamt 10 Goler markéiere konnt, stoung et dunn um Enn an enger spannender Partie 28:28.

© Gilles Tricca
Péiteng - CHEV Dikrech 17:29
Péiteng war gutt an de Match komm a konnt déi éischt zwee Goler vun der Partie markéieren. Duerno waren et allerdéngs d'Gäscht vun Dikrech, déi et fäerdeg bruecht haten, déi nächst 7 Punkte vir hire Compte ze verbuchen.
Sou stoung et no enger véierel Stonn 2:7 aus Sicht vun de Péitenger. Dikrech war duerno weiderhin déi dominéierend Ekipp a sou stoung et 5 Minutte virun der Paus 12:5 fir de CHEV vun Dikrech. Mat engem Avantage vun 8 Goler war Dikrech zu Péiteng an d'Paus gaangen, dëst beim Stand vu 14:6.
Och an der zweeter Halschent war bei Péiteng net vill zesummegelaf, a sou stoung et no 40 Minutte ganz däitlech 21:7 fir déi Dikrecher. Dikrech hat kee Problem, dës komfortabel Avance iwwert d'Zäit ze spillen och wann déi Péitenger probéiert hunn, de Réckstand ze verréngeren.
Um Enn verléieren déi Péitenger doheem mat 17:29.
HB Esch - Schëffleng 44:18
D'Haushäre vun Esch ware ganz staark an d'Partie gestart a bei de Gäscht ass an der Ufanksphase näischt zesummegelaf. Sou stoung et no gutt 6 Minutte scho 7:0 fir déi Escher. Et huet bis zur 8. Minutt gedauert, éier déi Schëfflenger den éischte Gol geschoss haten.
No enger véierel Stonn stoung et dann och 12:3 fir Esch, a soumat huet schonn zu dësem fréien Zäitpunkt alles no enger Victoire fir Esch ausgesinn. An och déi nächst 5 Minutte ware ganz kloer fir d'Haushären, déi mat 17:4 an Avance louchen.
Bis zur Halbzeit war scho kloer, dass déi Escher an eegener Hal géife wannen, dëst virun allem och well Schëffleng souwuel offensiv wéi och defensiv ganz schwaach war. Zur Paus stoung et 26:5 fir déi Escher.
Am zweeten Duerchgang huet Esch hiert d'Spill souverän duerchkritt a Schëffleng hat keng Mëttele vir eppes dogéint ze ënnerhuelen. Eng véierel Stonn viru Schluss stoung et 37:11 a bis zum Enn vun der Partie hat Schëffleng näischt entgéint ze setzen. Um Enn iwwerrennt Esch Schëffleng mat 44:18
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
Dammen-Handball
Réiden - CHEV Dikrech 6:23
Diddeleng - Red Boys 36:19
Museldall - Schëffleng 30:18