Op der uerdentlecher Generalversammlung vun der Liichtathletikfederatioun zu Dikrech, gouf d'Stéphanie Empain als nei Presidentin gewielt.

Eng Géigekandidatur gouf et net. D'Stéphanie Empain iwwerhëlt d‘Successioun un der Spëtzt vun der FLA vum Claude Haagen.

Ee Veräin hat seng Demande gestallt, fir nei an d'Federatioun opgeholl ze ginn. Dës Demande vum Team Snooze gouf vun der Assemblée awer net zeréck behalen.