Lénger huet géint Berbuerg gewonnen. Weider Victoirë gouf et fir Hueschtert-Foulscht, Iechternach an den Houwald.

Um 7. Spilldag am nationalen Dëschtennis-Championnat hu sech d'Favoritten iwwerall duerchgesat.

De knappste Succès gouf et beim 6:4 fir Lénger géint Berbuerg. Iechternach an den Houwald hu mat 6:3 géint Esch a Fluessweiler d'Iwwerhand behalen. Hueschtert-Foulscht konnt et nach méi däitlech maachen a sech mat 6:2 géint Lenneng behaapten.

An der Tabell bleift Hueschtert-Foulscht op der 1. Plaz, knapp virum Houwald a Lénger.

D'Resultater am Iwwerbléck