Bierchem an Déifferdeng an de 1/16-Finallen eliminéiert
© Gilles Tricca
D'Réiserbänner verléieren och de Réckmatch géint Brno aus Tschechien an Déifferdeng geléngt e Gläichspill géint Nilüfer.
Et ass de leschten Tour vum European Cup, deen am Joer 2025 ausgespillt gëtt. Nieft Lëtzebuerg waren nach Bosnien-Herzegowina, Tschechien a Griicheland mat dräi Ekippen an de 1/16-Finalle vertrueden. Zwee lëtzebuergesch Ekippen hunn d'Seegele musse sträichen. Bierchem, dat ouni de blesséierte Kapitän Ben Weyer huet mussen untrieden, verléiert 27:24 géint Brno. D'Red Boys Déifferdeng huet mat Nilüfer BSK 34:34 gläichgespillt.
E Sonndeg huet mat Diddeleng de leschte lëtzebuergesche Vertrieder d'Chance op e Weiderkommen. Si spillen an eegener Hal géint HC Izvidac aus Bosnien.
HC Bierchem - SKKP Handball Brno
Den HC Bierchem ass am drëtten Tour vum European Cup eliminéiert ginn. Nodeems d'Réiserbänner den Allermatch 25:27 an Tschechien verluer haten, gouf et e Samschdeg am zweete Match och eng Néierlag géint SKKP Handball Brno (op Däitsch Brünn). No 60 Minutte stoung et an der Sportshal zu Krauthem 27:24 fir d'Gäscht, fir déi et eréischt déi drëtt Participatioun iwwerhaapt un enger europäescher Kompetitioun ass.
Anescht wéi am Allermatch hat Bierchem kee gudde Start erwëscht a louch quasi de ganze Match - bis op eng kuerz Phas tëscht der 10. a 14. Minutt - hannen. Well d'Tscheche bis an d'Paus op 14:9 ewech waren, war et nach méi schwiereg, de Réckstand vun zwee Goler aus dem Aller opzehuelen. Doru konnt och d'Ënnerstëtzung vun der Tribün net hëllefen. Bierchem hat jo mat Diddeleng e Kombiticket fir béid Matcher an d'Liewe geruff.
Bierchem huet sech awer net opginn a koum duerch e 7:4-Laf nom Säitewiessel nees bis op ee Gol erun (16:17). Brno huet de lëtzebuergesche Vertrieder awer net zum Ausgläich komme gelooss a konnt sech an der Crunchtime entscheedend ofsetzen. An der 55. Minutt stoung et 25:20 fir d'Gäscht, woumat d'Bierchemer Eliminatioun feststoung. D'Réiserbänner konnten de Score an de leschte Minutten nach reduzéieren. De Raphael Guden war mat 7 Goler eemol méi beschte Buteur vu senge Faarwen.






Red Boys Déifferdeng - Nilüfer BSK
D'Red Boys Déifferdeng huet den Tierke vun Nilüfer en haarde Kampf geliwwert, ass nom 34:34 awer genee wéi Bierchem an der Coupe d'Europe eliminéiert. Dëse Match huet am Kader vun der offizieller Ouverture vum Centre sportif John Scheuren stattfonnt. Am Virfeld hat och d'Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp e Frëndschaftsmatch géint d'Belsch gespillt.
Den éischte Gol huet ganzer fënnef Minutten op sech waarde gelooss, mee duerno war de Match lancéiert. Bis an d'13. Minutt stoung et gläich (5:5), mee duerno konnt sech Déifferdeng bis op 5 Goler ofsetzen (10:5 an der 18. Minutt) - an déi éischt hunn un d'Iwwerraschung gegleeft. Dofir sollt dës Féierung awer ze fréi am Match sinn. Nilüfer koum Gol fir Gol nees erun a sou goung et mat engem 16:16 an d'Kabinnen.
Bis an 43. Minutt war Déifferdeng am Match, mee dunn hunn d'Tierke mat engem 4:0-Laf den decisive Coup gelant a louchen op eemol 29:25 vir. Dovu krut sech Déifferdeng um Enn nach eng Kéier erholl, mee fir méi wéi e Gläichspill sollt et net duergoen. Bescht Buteure bei der Red Boys waren den Daniel Tako (9), den Ilian Goedert (6) an de Lucas Meyffret (5).