Béid Matcher goungen iwwer déi normal Spillzäit eraus. Den Tornado konnt no der Overtime feieren, d'Beaufort Knights hunn am Shootout verluer.

Den Tornado Lëtzebuerg, deen an der zweeter franséischer Liga ënnerwee ass, huet e Samschdeg virun iwwer 900 Zuschauer op der Kockelscheier gewonnen. Si konnte sech an der Verlängerung 4:3 géint Français Volants vu Paräis behaapten a bleiwen domat op der 6. Plaz an der Tabell.

Den nächste Sonndeg trëtt d'lëtzebuergesch Ekipp zu Courbevoie beim aktuellen Tabelleleschten un.

D'Beaufort Knights haten dogéint manner Gléck. Och dëse Match gouf net an der normaler Spillzäit decidéiert. Well et no 60 Minutten géint Herentals 2:2 stoung, ass d'Decisioun am Penaltyschéisse gefall. D'Knights hunn do 2:3 de Kierzere gezunn. An der Tabell sti si elo op der véierter Plaz vun der éischter Divisioun an der Belsch.

Nächste Samschdeg steet nees en Heemspill am Ice Park Beaufort um Programm. Da kommen d'Bulldogs vu Léck op Besuch.