Käerjeng a Standard deele beim 30:30 d'Punkten an Esch klappt Dikrech kloer 36:25. Esch ass an enger net kompletter Tabell neien Zweeten.

Axa League Hären

Um Samschdeg stoungen um 8. Spilldag déi éischt Matcher vun der Réckronn um Programm.

Käerjeng schéngt sou lues säi Rhythmus fonnt ze hunn. Nodeems si laang engem Réckstand hannendru gelaf sinn, hate si um Enn d'Chance op eng Victoire. Et blouf awer beim 30:30 géint den HC Standard.

Déi Gréng, fir déi et den éischte Match no der Demissioun vum President Jérôme Duarte war, ware mat engem 5:1 an de Match gestart, mee Standard konnt no enger Véierelstonn egaliséieren (9:9) a louch an der Paus 15:14 vir. D'Gäscht aus der Haaptstad sollten d'Avance bis an d'45. Minutt halen, éier sech an de leschte Minutten e Kapp-u-Kapp-Duell entwéckelt huet. Käerjeng louch an der 55. Minutt 2 Goler vir, mee de Standard konnt an der 59. Minutt ausgläichen. Well déi lescht Ugrëffer näischt abruecht hunn, blouf et beim 30:30.

Domat huet de Standard am direkte Verglach mat Käerjeng e Virdeel. Si haten den Allermatch am Summer 26:24 gewonnen. Käerjeng huet elo 3 Punkten um Kont an domat ee méi wéi déi direkt Konkurrenten Dikrech a Rëmeleng.

De Chev Dikrech huet weider e schwéiere Stand an ass no der 25:36-Néierlag beim HB Esch déi nei Schéissbud vun der AXA League - well Rëmeleng ee Match manner gespillt huet. Dikrech huet an 8 Matcher 273 Goler kasséiert.

D'Nordliichter konnten Esch bis an d'20. Minutt de Bass halen (11:9), mee bis an d'Paus huet d'Lokalekipp e 7:2-Laf gestart an domat Dikrech kloer distanzéiert (18:11). Krier, Kirsch a Werdel hunn och nom Säitewiessel keng Gnod gewisen a louchen an der 38. Minutt eng éischt Kéier 10 Goler vir (23:13). Och wann de Réckstand tëschenzäitlech op maximal 14 Goler ugewuess war, huet sech Dikrech net opginn a konnt de Réckstand schlussendlech bei 11 Goler halen. Mat dëser Victoire spréngt Esch an der Tabell op Plaz 2. Dikrech rutscht op déi lescht Plaz of.

D'Matcher Rëmeleng géint Déifferdeng a Bierchem géint Diddeleng goufe wéinst den Asätz op europäeschem Plang op e spéideren Zäitpunkt verréckelt. Déi dräi Ekippen hunn och nach e weidere Match nozehuelen, dohier ass d'Bild vun der Tabell e bësse verzerrt.

De Championnat vun den Dammen huet dës Woch wéinst dem Testmatch vun der Nationalekipp eng Paus ageluecht.