Et leeft an England weider net ronn fir Liverpool. ManCity huet sech och misse geschloe ginn. Chelsea huet sech dogéint mat 2:0 zu Burnley behaapt.

Tëscht Florenz a Juventus gouf et an der Serie A en 1:1.Remis.

Premier League

Burnley - Chelsea 0:2
0:1 Neto (37'), 0:2 Fernandez (88')

Chelsea gouf vun Ufank un der Favoritteroll gerecht a war déi dominant Ekipp um Terrain. Den Neto konnt seng Faarwe virun der Paus a Féierung bréngen. No der Paus war Burnley och ënnerleeën, et stoung awer laang just 0:1. De Fernandez huet kuerz viru Schluss den Deckel op d'Partie gemaach.

Liverpool - Nottingham 0:3
0:1 Murillo (33'), 0:2 Savona (46'), 0:3 Gibbs-White (78')

Et war d'Heemekipp déi an der 1. Hallschent dominant war. E Gol sollt de Reds awer net geléngen. Am Géigendeel: De Murillo huet d'Gäscht an der 33. Minutt a Féierung bruecht. No der Paus gouf et déi nächst kal Dusch fir Liverpool. De Savona huet an der 46. Minutt op 2:0 erhéicht. An der Suite konnt Liverpool net un d'Leeschtung aus der Ufanksphas uknäppen an et sollt knëppeldéck kommen. De Gibbs-White huet den 3. Gol fir d'Gäscht markéiert. Um Enn huet sech Nottingham iwwerraschend däitlech mat 3:0 zu Liverpool behaapt. An der Tabell rëtscht d'Ekipp vum Arne Slot op déi 11. Plaz erof.

Newcastle - ManCity 2:1
1:0 Barnes (63'), 1:1 Dias (68'), 2:1 Barnes (70')

Et war eng animéiert Partie am St. James Park an där et no 45 Minutten awer nach 0:0 stoung. De Woltemade bei der Heemekipp an den Haaland an de Foden bei de Gäscht hunn zum Deel ganz grouss Chancen ausgelooss. Nom Säitewiessel ass Newcastle besser aus de Kabinne komm, huet awer nees Méiglechkeeten ausgelooss. An der 63. Minutt konnt de Barnes awer den 1:0 markéieren. ManCity ass nees erwächt an den Dias huet 5 Minutten drop ausgeglach. 2 Minutten nom Ausgläich konnt de Barnes seng Faarwe rëm mat 2:1 a Féierung schéissen. ManCity huet duerno den Drock erhéicht an et goung just nach an eng Richtung. D'Ofwier vun Newcastle huet awer gehalen, esou datt d'Heemekipp um Enn mat 2:1 gewanne konnt.

Serie A

Florenz - Juventus 1:1
0:1 Kostic (45+5'), 1:1 Mandragora (48')

Eng flott Partie kruten d‘Spectateuren zu Florenz gebueden. Béid Ekippen hu monter no vir gespillt, den 1. Gol ass duerch de Kostic awer réischt Sekonne virun der Paus gefall. D’Heemekipp ass staark aus der Paus komm an dem Madragora ass direkt den Ausgläich gelongen. An der Suite ass et méi roueg um Terrain ginn. Et sollt beim Remis bleiwen, dee keng Ekipp weiderbréngt. Juventus konnt de Retard no vir net verkierzen, Florenz steet weiderhin um Wupp vun der Tabell.

La Liga

Barcelona - Bilbao 4:0
1:0 Lewandowski (4'), 2:0 Ferran Torres (45+3'), 3:0 Fermin (48'), 4:0 Ferran Torres (90')

Barcelona huet sech géint Bilbao ni schwéier gedoen a sech um Enn verdéngt mat 4:0 behaapt. De Lewandowski an de Ferran Torres haten an der 1. Hallschent zwee Goler markéiert. Nom Säitewiessel konnt de Fermin fir den 3:0 suergen. An der 54. Minutt krut de Sancet vu Bilbao och nach déi rout Kaart gewisen. Barcelona huet et méi roueg ugoe gelooss an an der 90. Minutt trotzdeem nach de 4. Gol duerch de Ferran Torres markéiert.

Ligue 1

Rennes - Monaco 4:1
1:0 Boudlal (20'), 2:0 Camara (49'), 3:0 Embolo (73'), 4:0 Blas (84', Eelefmeter), 4:1 Biereth (90+5')

Bundesliga

An der Bundesliga huet Bayern ë.a. géint Freiburg gewonnen.