Käerjeng wënnt ganz spannende Match mat 29:28 géint Bierchem
Am Hären-Handball-Championnat war e Mëttwoch den Owend eng wichteg Nodrospartie an zwar krut de Champion Käerjeng et mam HC Bierchem ze dinn.
De Match huet alles aneschters ewéi gutt ugefaange fir de Champion vun der leschter Saison. Nodeems de Milasin Trivic fréi eng 2-Minutte-Strof krut, konnt den HC Bierchem de Momentum notzen, fir op 6:1 dovun ze zéien. Virun allem de Marko Stupar an de Loic Goemare hunn an dëser Phas staark opgespillt. Käerjeng konnt dunn awer reagéieren an duerch eng staark Phas op 5:6 verkierzen. Dono huet Bierchem awer nees d'Iwwerhand iwwerholl a si konnten op 9:6 stellen. Do huet de Käerjenger Trainer awer een Timeout geholl an deen huet nawell seng Friichte gedroen, well si konnten ausgläichen, esou dass et no 20 Minutten 9:9 stoung. Käerjeng war elo besser am Spill an an der Paus louche si esouguer mat 15:13 am Avantage.
Et war och an der zweeter Hallschent weider eng ganz spannend Partie. Béid Ekippen hunn deelweis ganz gutt gespillt a Bierchem konnt op en Neits de Score egaliséieren. No 37 Minutten a beim Resultat vun 19:19 kruten déi Käerjenger zwou 2-Minutte-Strofe beieneen. Déi Bierchemer hätte kënne fortzéien, wat allerdéngs net passéiert ass an där Phas. No 47 Minutte waren déi Réiserbänner no gudder kollektiver a kämpferescher Leeschtung 23:21 am Avantage. Déi lescht Minutte ware ganz ganz intensiv a spannend. 5 Minutte virun Enn stoung et 26:26 gläich. Käerjeng huet in extremis mat 29:28 gewonnen obwuel Bierchem absolut net enttäuscht huet.
Domat zéien déi Käerjenger gläich un der Tabellespëtzt mam Handball Esch.