Natalia Nepryaeva wënnt 1. Weltcup an iwwerhëlt d'Féierung

© AFP
Um 2. Dag vun der Tour de Ski am Laanglaf konnt sech iwwer 10 Kilometer zu Toblach an Italien iwwerraschend d'Russin Nepryaeva d'Victoire sécheren.
Um zweeten Dag vun der Tour de Ski am Laanglaf gouf et ee Wiessel un der Spëtzt vum General bei den Dammen.
Iwwer 10 Kilometer am Skating konnt sech Natalia Nepryaeva zu Toblach an Italien um Sonndeg d'Victoire sécheren. D'Russin hat um Enn e Virsprong vun nëmmen 0,3 Sekonnen op d'Norwegerin Ingvild Flugstad Östberg. Um Podium stoung nach d'Russin Anastassia Sedowa mat engem Réckstand vu ronn 10 Sekonnen.
Fir d'Nepryaeva war et déi 1. Victoire am Weltcup. Opgrond vun de Bonussekonnen ass si och elo déi nei Leaderin bei der Tour de Ski. D'Schwedin Sina Nilsson, déi als Leaderin um Sonndeg nach an d'Course gaange war, ass iwwert déi 10 Kilometer net iwwert déi 39. Plaz erauskomm an huet 1 Minutt a 50 Sekonne verluer.
Bei den Hären huet sech iwwert déi 15 Kilometer de Russ Sergey Ustiugov d'Victoire geséchert. Hien hat e Virsprong vun 12 Sekonnen op den Norweger Siemen Hegstad Krueger an 21 Sekonnen op de Russ Alexander Bolshunov.
Fir den Ustiugov war et déi 13. Victoire am Weltcup. Neie Leader am General vun der Tour de Ski ass de Bolshunov.