En Dënschdeg fänkt zu Melbourne d'Qualifikatioun vun den Australian Open am Tennis un.

Beim éischte Grand Slam vun der Saison muss d'Mandy Minella (WTA-103) do och derduerch. Der Lëtzebuergerin huet eng Plaz gefeelt, fir direkt an den Haapttableau ze kommen. Am éischten Tour vun der Qualifikatioun kritt déi 33 Joer al Spillerin vun der Spora et e Mëttwoch mam Pemra Ozgen (WTA-237) ze dinn.

AUDIO: De Plang vum Mandy Minella/Reportage Franky Hippert

D'Minella huet bis elo eng Kéier géint d'Tierkin gespillt an hat do zejoert kloer an 2 Sätz zu Stuttgart gewonnen. Am RTL-Interview sot d'Fed-Cup-Spillerin och, datt si nach esou laang Tennis wäert spille wéi d'Resultater stëmmen. Et kéint also duerchaus sinn, datt nach deen een oder anere Grand Slam an den nächste Joren Down Under dobäi kënnt.