Aus dem nationale Futtball kënnt d'Nouvelle, datt den Arno Bonvini net méi Trainer vum FC Déifferdeng 03 ass.

De Club huet e Sonndeg kuerz viru Mëtteg matgedeelt, datt dëst „d'un commun accord“ decidéiert gouf. De Bonvini souz eréischt zanter dem Ufank vun dëser Saison op der Bänk zu Déifferdeng.

Déifferdeng hat zanter Enn November net méi gewonnen. An der Réckronn goufen et zum Deel héich Defaiten. E Freideg war den FCD03 schonn 3-1 um Racing vir, déi Stater haten déi lescht 25 Minutten och zwee Mann manner un Terrain, an dach ass et um Enn nach 3-3 ausgaangen.

Am RTL-Interview sot de President vum FCD03 Fabrizio Bei, datt hien d'Aarbecht vum Arno Bonvini net a Fro stellt. Hien wollt awer e neien Impuls ginn. Tëscht den Zeilen war ze verstoen, datt hien jo net d'ganz Equipe konnt auswiesselen. De Bei erwaart sech elo vun senge Spiller op jiddwerfalls eng Reaktioun. De Successeur vum Bonvini soll muer de Moien virgestallt ginn.

Schreiwes vum Comité

Le FCD03 et son comité, par la présente, vous annoncent la fin de la collaboration avec son entraîneur Arno Bonvini d’un commun accord.

L’ensemble du club et ses supporteurs remercient Arno pour le travail effectué depuis le début de la saison 2018/2019.