Schwamm-WMJulie Meynen mat neiem Lëtzebuerger Rekord iwwer 100 Meter Crawl

RTL Lëtzebuerg
Déi 21 Joer al Schwëmmerin huet no 54 Sekonnen a 44 Honnertstel ugeschloen an hiren eegene Rekord vu virun engem Mount ëm 5 Honnertstel verbessert.
© FLNS

Weider gutt Nouvelle komme vun der Weltmeeschterschaft am Schwammen. Zu Gwangju a Südkorea ass d’Julie Meynen iwwer 100 Meter Crawl een neie Lëtzebuerger Rekord geschwommen. Déi 21 Joer al Schwëmmerin huet no 54 Sekonnen a 44 Honnertstel ugeschloen an hiren eegene Rekord vu virun engem Mount ëm 5 Honnertstel verbessert. D’Julie Meynen huet mat dëser Zäit d’Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller 2020 zu Tokio ëm nëmme 6 Honnertstel verpasst.

Um Enn ass et déi gutt 17. Plaz ënner 93 Konkurrentinnen. Déi 16 Éischt hu sech fir d’Halleffinalle qualifizéiert, hei hunn der Lëtzebuergerin 19 Honnertstel gefeelt.

Back to Top
CIM LOGO