Europa LeagueFreiburg an Aston Villa zéie souverän an d'Halleffinall an

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend stoungen an der Europa League d'Retourmatcher vun de Véierelsfinallen um Programm.
Freiburg's Japanese midfielder #14 Yuito Suzuki (2R) celebrates scoring his team's third goal during the UEFA Europa League quarter final second leg football match between RC Celta de Vigo and SC Freiburg at Balaidos Stadium in Vigo on April 16, 2026.
© AFP

No der däitlecher 3:0-Heemvictoire am Allersmatch huet Freiburg och a Galizien näischt méi ubrenne gelooss a sech souverän mat 3:1 géint Celta Vigo behaapt. No enger Ufanksphas mat wéinegen Aktiounen a béide Strofraim huet de Matanovic seng Faarwen no enger hallwer Stonn per Volley a Féierung bruecht. Kuerz drop huet de Suzuki op 2:0 erhéicht, woumat schonn no 39 Minutten entscheet war, wéi eng Ekipp an d’Halleffinall anzéie sollt. No engem weidere Gol vum Suzuki an engem spéide Gol vum Swedberg ass d’Partie 1:3 op en Enn gaangen, woumat d’Breisgauer den Tabellesechsten aus der spuenescher Liga däitlech eliminéieren.

Am Retourmatch tëscht Nottingham Forest a Porto koum et schonn an der Ufanksphas knëppeldéck fir d’Portugisen. No 5 Minutten huet de VAR sech no engem schlëmme Foul vum Bednarek ageschalt, wouropshin de polneschen Defenseur vum Terrain gestallt gouf. An der 12. Minutt huet een ofgefälschte Schoss vum Gibbs-White dunn och nach fir den 1:0 fir d’Englänner gesuergt, déi domat insgesamt 2:1 a Féierung louchen. D’Lokalekipp huet dëse knappen Avantage an Iwwerzuel bis zum Enn iwwert d’Zäit bruecht a steet domat ënnert de leschte 4 vun der Europa League.

Nodeems Aston Villa sech virun enger Woch schonn 3:1 zu Bologna behaapt hat, war den Ticket fir d’Halleffinall am eegene Stadion just nach Formsaach. No enger Véierelsstonn huet de Watkins eng schéin erausgespillt Occasioun zum 1:0 verwäert. An der 25. Spillminutt huet de Rogers en Eelefmeter verschoss, direkt duerno konnten d’Villans duerch de Buendia awer trotzdeem erhéijen. Domat war d’Decisioun endgülteg gefall, an no weidere Goler vu Rogers a Konsa ass de Match 4:0 op en Enn gaangen.

Och Betis Sevilla ass doheem scho fréi a Féierung gaangen, nodeems een am Allersmatch zu Braga 1:1 gläichgespillt hat. Ee Kappball vum Antony huet an der 13. Minutt fir den 1:0 gesuergt, den Ezzalzouli konnt eng 10 Minutten drop no engem Konter nach een dropleeën. D’Portugisen hu sech awer net opginn a konnten duerch de Victor ronn 5 Minutte virun der Paus verkierzen. Nom Säitewiessel huet de Carvalho no engem Fräistouss per Kapp den 2:2 geschoss, a just eng Minutt drop gouf et en Eelefmeter fir Braga, deen den Horta verwandelt huet. Et ware bis zu deem Ament déi eenzeg 3 Schëss vun de Gäscht, déi d’Partie awer gedréint haten. Mam 4. Ofschloss vun den immens effiziente Portugisen huet de Gorby eng Véierelsstonn viru Schluss de 4:2 markéiert an domat fir d’Entscheedung gesuergt.

D’Halleffinallen tëscht Freiburg a Braga an tëscht Nottingham Forest an Aston Villa ginn den 30. Abrëll an de 7. Mee gespillt.

Celta Vigo - SC Freiburg 1:3 (1:6)
0:1 Matanovic (33'), 0:2 Suzuki (39'), 0:3 Suzuki (51'), 1:3 Swedberg (90+1')

Aston Villa - FC Bologna 4:0 (7:1)
1:0 Watkins (16'), 2:0 Buendia (26'), 3:0 Rogers (39'), 4:0 Konsa (89')

Nottingham Forest - FC Porto 1:0 (2:1)
1:0 Gibbs-White (12')

Betis Sevilla - Sporting Braga 2:4 (3:5)
1:0 Antony (13'), 2:0 Ezzalzouli (26'), 2:1 Victor (38'), 2:2 Carvalho (49'), 2:3 Horta (53', Eelefmeter), 2:4 Gorby (74')


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Europa League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO