Haut virun 20 JoerDe Fränk Schleck gewënnt d'Amstel Gold Race

Tom Nols
Als éischten, a bis haut eenzege Lëtzebuerger konnt de Fränk Schleck sech 2006 an der Provënz Limburg géint déi versammelt Elitt duerchsetzen. Et war seng éischt grouss Victoire.
De Frank Schleck, wéi hien 2006 d'Amstel Gold Race gewonnen huet.
Et war den internationalen Duerchbroch fir de Fränk Schleck
© AFP

Et war eng Aart verspéite Gebuertsdagskaddo. Een Dag no sengem 26. Gebuertsdag konnt de Fränk Schleck sech op Ouschtersonndeg uewen um Cauberg duerchsetzen. Schonn e Mount méi fréi, beim Mailand-Sanremo, hat de jonke Lëtzebuerger op sech kënnen opmierksam maachen.

253 Kilometer waren tëscht Maastricht a Valkenburg ze fuere gewiescht. Am Trikot vum Lëtzebuerger Champion war et den éischte groussen internationale Succès fir de Fränk Schleck, nodeems hie kuerz viru Schluss aus dem Spëtzegrupp eraus attackéiert hat.

Eigentlech hat dem Fränk Schleck säin Teamkolleeg Karsten Kroon déi besser Viraussetzunge gehat fir ze wannen, huet dëse sech dach exzellent an der Géigend auskannt. Dem deemolegen Teamchef Bjarne Riis säi Plang war et gewiescht, dass seng zwee Favoritte bis zum Schluss sou vill wéi méiglech Energie solle spueren. Wéi déi Zwee ronn 10 Kilometer viru Schluss an engem 10 Mann staarke Leadergrupp mat virbäi waren, huet de Fränk seng Chance gesicht an ugegraff. Hie konnt séier en Ecart op d’Verfollger erausfueren, déi sech net eens waren, sou datt de Lëtzebuerger um Enn eleng iwwert de Stréch sollt fueren.

Hie war dovun ausgaangen, dass d’Verfollger hien nach géingen zréck kréien, sot de Schleck spéider am Interview. Ausserdeem wier et, no der aktiver Karriär, ni d’Intentioun gewiescht, seng grouss Victoirë mateneen ze vergläichen. All Gewënn hat säin eegene Charakter, sou och den internationalen Duerchbroch bei der 41. Editioun vum Amstel Gold Race:

Frank Schleck am Interview
De fréiere Vëlosprofi schwätzt iwwer seng gréisst Victoiren.

Déi zweet Plaz, mat engem Réckstand vun 22 Sekonnen, war fir den Däitsche Steffen Wesemann gewiescht, dee laang eleng un der Spëtzt gefuer war an dowéinst um Enn net méi genuch Kären iwwreg hat. Drëtten op 46 Sekonne war den Hollänner Michael Boogerd ginn, de Karsten Kroon war op 48 Sekonnen um Enn dee Véierten.

Verspéite Gebuertsdagskaddo, oder dat perfekten Ouschteree? De Sonndeg virdrun hat de Fabian Cancellara Paris-Roubaix gewonnen, a sou hate se bei CSC, dank dem Fränk Schleck, op en Neits eppes ze feieren. Nom Marcel Ernzer senger Victoire bei Léck-Baaschtnech-Léck 1954 war et réischt déi zweet Lëtzebuerger Victoire gewiescht an engem vun de grousse Fréijoersklassiker. Dat selwecht Joer konnt de Fränk Schleck duerno och déi 15. Etapp am Tour de France gewannen, d’Kinneksetapp vu Gap op d’Alpe d’Huez erop. Enn vum Joer war hien zum Sportler vum Joer gewielt ginn.

Back to Top
CIM LOGO