Trauer am éisträichesche FuttballFréieren Nationalgolkipp Alexander Manninger dout

RTL Lëtzebuerg
De gebiertege Salzburger ass bei der Kollisioun mat engem Zuch gestuerwen. Hie sollt nëmmen 48 Joer al ginn.
Den Alexander Manninger huet och fir den FC Augsburg gespillt
Den Alexander Manninger huet och fir den FC Augsburg gespillt
© JOERG KOCH / ANADOLU AGENCY / ANADOLU VIA AFP

Déi éisträichesch Futtballfederatioun ÖFB huet matgedeelt, datt de fréieren Nationalgolkipp Alexander Manninger bei engem Verkéiersaccident ëm d’Liewe komm ass. Den 48 Joer ale Sportler war en Donneschdeg de Moie géint 8.20 Auer zu Nußdorf am Haunsberg (Flachgau) mat sengem Gefier vun enger Lokalbahn erfaasst a matgeschleeft ginn. Dem Manninger, deen eleng ënnerwee war, konnt net méi gehollef ginn. Fir déi genee Ëmstänn vum Ongléck z’ermëttelen, huet d’Police eng Enquête opgemaach.

Den Alexander Manninger war de 4. Juni 1977 zu Salzburg op d’Welt komm an hat tëscht 1999 an 2009 34 Mol fir déi éisträichesch Futtballnationalekipp gespillt. A senger 23 Joer laanger Profikarriär huet hien ënnert anerem fir Arsenal London, Espanyol Barcelona, den FC Bologna, Juventus Turin, den FC Augsburg an den FC Liverpool gespillt. Bei Austria Salzburg war hie grouss ginn.

Back to Top
CIM LOGO