Conference LeagueStroossbuerg eliminéiert Mainz, och Crystal Palace steet an der Halleffinall

RTL Lëtzebuerg
Obwuel et an all Allersmatch vun de Véierelsfinallen e klore Gewënner gi war, huet et e puer Retourmatcher en Donneschdeg net u Spannung gefeelt.
Strasbourg's Paraguayan midfielder #19 Julio Enciso (L) celebrates with teammates after scoring Strasbourg's third goal during the UEFA Europa Conference League quarter-final second leg football match between RC Strasbourg Alsace and Mainz 05 at the Stade de La Meinau in Strasbourg, eastern France, on April 16, 2026. (Photo by SEBASTIEN BOZON / AFP)
© AFP

Zu Stroossbuerg hunn d’Haushären am éischten Duerchgang géint Mainz op ganzer Linn iwwerzeegt a sech eng Partie gutt Geleeënheeten erausgespillt. No Goler vun Nanasi an Ouattara ass et mat engem verdéngten 2:0-Avantage fir d’Elsässer an d’Kabinne gaangen, woumat d’Resultat aus dem Allersmatch egaliséiert war. Am zweeten Duerchgang war et dunn ee méi ausgeglachene Match, an deem Stroossbuerg awer méi geféierlech bliwwen ass an och en Eelefmeter verschoss huet. Ronn 20 Minutte viru Schluss huet de Godo dunn den Enciso schéin an Zeen gesat, deen de Ball just nach huet mussen iwwer d’Linn drécken. Ma et sollt nach méi schlëmm komme fir d’Mainzer, déi just 5 Minutten drop duerch den Emegha de 4. Gol geschoss kruten. Mat deem Score vu 4:0 sollt d’Partie och op en Enn goen, soudass Stroossbuerg sech fir d’Halleffinalle qualifizéiert.

Och Rayo Vallecano hat sech virun enger Woch doheem däitlech mat 3:0 géint AEK Athen behaapt, a Griicheland waren d’Haushären awer déi spillbestëmmend Ekipp. An der Paus louche si no engem Gol vum Zine an engem verwandelten Eelefmeter vum Marin schonn 2:0 a Féierung, kuerz nom Säitewiessel huet den Zine per Kapp den 3:0 geschoss. D’Visiteuren hunn awer dogéint gehalen a konnten duerch de Palazon op 1:3 verkierzen. D’Griichen hunn an der Schlussphas op de 4. Gol gedréckt, Rayo konnt de Score awer iwwert d’Zäit retten a sech domat den Ticket fir d’Halleffinall sécheren.

Alkmaar huet sech no enger 0:3-Defaite am Allersmatch géint Schachtar Donezk deier verkaf, d’Lokalekipp ass den Ukrainer awer zu kengem Zäitpunkt nach eemol richteg geféierlech ginn. Um Enn steet Donezk no engem 2:2 an Holland ënnert deene leschte 4 an trëfft do op Crystal Palace.

D’Englänner hunn nämlech och en 3:0-Avantage mat op Florenz geholl, deen d’Italieener net méi ophuele konnten. No engem fréie Gol fir Crystal Palace huet d’Lokalekipp de Match zwar nach gedréint, trotz dëser 2:1-Victoire ass een awer eliminéiert.

D’Halleffinallen tëscht Schachtar Donezk a Crystal Palace an tëscht Rayo Vallecano a Stroossbuerg ginn den 30. Abrëll an de 7. Mee gespillt.

Racing Stroossbuerg - FSV Mainz 05 4:0 (4:2)
1:0 Nanasi (26'), 2:0 Ouattara (35'), 3:0 Enciso (69'), 4:0 Emegha (74')

AEK Athen - Rayo Vallecano 3:1 (3:4)
1:0 Zine (13'), 2:0 Marin (36', Eelefmeter), 3:0 Zine (51'), 3:1 Palazon (60')

AZ Alkmaar- Schachtar Donezk 2:2 (2:5)
0:1 Santana (58'), 1:1 Jensen (73'), 2:1 Sin (80'), 2:2 Meirelles (83')

AC Florenz - Crystal Palace 2:1 (2:4)
0:1 Sarr (17'), 1:1 Gudmundsson (30', Eelefmeter), 2:1 Ndour (53')

Back to Top
CIM LOGO