FLBB: D'Affär Milongo ass vum Dësch

© AFP (Archivbild)
Een Dag virum Ufank vum Championnat kënnt eng positiv Noriicht aus der Basket-Fédératioun. D'Affär Milongo ass vum Dësch. Miersch huet seng Klo zréckgezunn
Déi lescht Saison haten déi Mierscher hir Matcher ënner Protest gespillt, well hirer Meenung no d'Lizenz vum Konter-Spiller Milongo net an der Rei war. Well d'Fédératioun net réagéiert huet, sinn déi Mierscher virun en Zivilgeriicht gaangen. Kuriéis gouf et du, wéi de leschte Samschdeg um Kongress de Mierscher President Ernest Huss seng Kandidatur fir de Conseil d'Administration vun der FLBB gestallt huet an och gewielt gouf. Béid Säiten hunn awer elo agerenkt an d'Affär ad acta geluecht.
Am meeschte gelies