D'Amanda Anisimova muss d'US Open zu New York ofsoen. Grond fir den Out vun der jonker Tennis-Vedette ass den onerwaarten Doud vun hirem Papp.

Trauregen Dag fir d'Amanda Anisimova. Déi 17-järeg US-Amerikanerin huet wéinst dem onerwaarten Dout vun hirem Papp a gläichzäitegen Trainer Konstantin Anisimov d'US Open zu New York missten ofsoen. Dat huet déi US-amerikanesch Sportchaîne ESPN gemellt.

Den Duerchbroch

2017 hat dat jonkt Nowuesstalent de Juniorentitel vun den US Open gewonnen an huet zwee Joer méi spéit de Sprong an d'Weltelite gepackt. Den Ament gëtt d'Amanda Anisimova op Rang 24 vun der WTA-Lëscht gefouert.

D'Amanda Anisimova hat bei de French Open zu Paräis vu sech schwätze gedoen, wéi et iwwerraschenderweis an d'Halleffinalle vum Grand-Slam-Tournoi agezunn ass.