Op der Checklëscht am neie Guide, wéi een 72 Stonnen autonom bleift, stinn eng ganz Partie Saachen, déi de Gros vun eis doheem huet oder déi ganz einfach ze kréie sinn. Dozou gehéiere Basics ewéi 3 Liter Waasser op de Kapp a pro Dag, Konserve mat Iessen, déi sech iwwer länger Zäit halen, eng Täscheluucht, en Täschemesser oder eng Éischt-Hëllef-Trousse. Et gëtt och recommandéiert, eng Kopie vun de wichtegen Dokumenter, also Carte d’Identité, Fürerschäin, asw. ze maachen an déi an enger waasserdichter Poschette prett ze hunn.

Da ginn et awer och Saachen, déi warscheinlech net jiddereen doheem huet
Zum Beispill ee Gaskocher. Scouten oder Leit, déi gäre campen, hu mat Sécherheet esou een doheem, awer nach laang net jiddereen. Mee sollt et emol zu engem gréissere Stroumausfall kommen, dann ass dat net vu Muttwëll, fir sech eppes Klenges kënnen ze kachen oder e Kaffi ze maachen. Passend dozou natierlech och d'Fixspéin oder ee Briquet.
Wichteg och ee Radio, deen ouni Elektresch funktionéiert. Also mat Batterien oder carrement mat enger Kierb. Sollt wierklech eng Kéier de Stroum komplett ausfalen, dann ass de Radio eigentlech nach den eenzege Moyen, fir sech ze informéieren.
Dat am Fall, wann de Stroum eng länger Zäit komplett ausfält. Am Guide gëtt awer och op aner Zenarie virbereet
Riets geet och vu Cyberattacken, Iwwerschwemmungen oder am Fall vun engem nuklearen Accident gi Jodpëlle agesat, fir d'Schilddrüs viru radioaktivem Jod ze schützen. Dat gëllt awer just fir Leit bis 45 Joer, duerno ass et net recommandéiert, Jodpëllen anzehuelen. Dat well de Stoffwiessel sech mam Alter ka veränneren. D’Jodpëllen hunn dann entweder net méi déi richteg Wierkung oder d'Niewewierkungen iwwerweie carrement. Där Pëlle misst een op der Gemeng kréien. Et soll ee se awer wierklech nëmmen huelen, wann d’Autoritéiten dozou opruffen.
Preventioun, awer keng Panik
D'Autoritéite roden dozou, déi Saachen doheem ze hunn, allerdéngs wieren Hamsterkeef, wéi mer se zu COVID-Zäiten erlieft hunn, éischter kontraproduktiv. D'Regierung huet e Freideg bei der Presentatioun vum Guide präziséiert, datt een op d'Verantwortungsgefill vu jidder eenzelem setzt, awer och op d'Solidaritéit, net jiddereen huet nämlech ee grousse Keller oder och déi finanziell Moyenen, fir sech ee perfekte Stock unzeleeën a fir all Krisenzenario prett ze sinn.
De Guide gëtt an den nächsten Deeg op Lëtzebuergesch a Franséisch verdeelt.