Policekontrollen a "Squats"13 net-bewunnt Haiser an der Stad iwwerpréift, 5 Leit kontrolléiert

Samantha Weber
D'Police huet leschte Freideg eng grouss Kontroll an net-bewunnten Haiser a Quartieren an der Stad gemaach. Dobäi goufe fënnef Leit vun de Beamten ugetraff.

Leschte Freideg hu Beamte vun der Police Kontrollen an Haiser gemaach, an deene kee wunnt. De Fokus louch dobäi op den Immigratiounsgesetzer an der allgemenger Policepresenz.

Wéi d'Police schreift, hätt een am Ganzen 13 sougenannt "Squats" an de Quartieren Hollerech, Gaasperech, Lampertsbierg, Kierchbierg an an der Uewerstad iwwerpréift. Dobäi hunn d'Poliziste fënnef Leit ugetraff a kontrolléiert.

Am Ganze wieren 12 Beamten bei der grouss ugeluechter Kontroll dobäi gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO