EHF-Cup
Kloer Néierlag am Retourmatch fir d'Damme vu Käerjeng

© Ant Deister
D'Käerjenger Damme verléieren och de Retourmatch am 1. Qualifikatiounstour vum EHF-Cup mat 12:46 géint Trondheim.
Nodeems de Lëtzebuerger Handball-Champion bei den Dammen um Freideg den Allersmatch am 1. Qualifikatiounstour vum EHF-Cup mat 13:40 géint Byasen Trondheim verluer huet, stoung um Samschdeg de Retourmatch um Programm.
D'Profisekipp aus Trondheim huet de Käerjenger Damme och um Samschdeg keng Chance gelooss, a konnt sech no 60. Minutte mat 46:12 duerchsetzen. An der Paus louch d'Ekipp aus dem Grand-Duché mat 6:22 hannen.
Am meeschte gelies