Op der Basket-Weltmeeschterschaft a China wënnt Spuenien d'Finall souverän mat 95:75 géint Argentinien.

Vun ufank hunn huet Spuenien de Match dominéiert an huet d'Argentinier ni esou richteg an de Match komme gelooss. Schonn am éischte Véierel konnte se sech e Virsprong vun 9 Punkten erausspillen. Am Véierel konnten d'Argentinier dunn bësse besser mathalen mee et ass hinnen trotz allem net gelongen de Retard ze verklengeren sou dat et mat engem 43:31 fir Spuenien an d'Paus gaangen ass. Och no der Paus hunn d'Spuenier weiderhin ganz staark an der Defense gespillt an dës weideren war d'Réussite vun den 3er bei de Südamerikaner ganz schlecht. Och am leschte Véierel huet Spuenien dann näischt méi ubrënne gelooss a gewënnt souverän mat 95:75.

Frankräich wënnt de Match ëm déi drëtte Plaz mat 67: 59 géint Australien.