
Den Trainer vun Diddeleng ass en Dënschdeg de Mëtteg schonn net méi an de Fliger geklommen, wou sech d’Ekipp op Nikosia gemaach huet, wou si en Donneschdeg an der Europa-League-Gruppephas untrieden. Dat huet eis de Golkipp vum F91 Jonathan Joubert confirméiert.
De Lëtzebuerger Futtball-Champion hat jo e Samschdeg am Championnat 0:1 beim Tabelleleschten Hueschtert verluer. No 5 Spilldeeg huet den F91 eréischt 4 Punkten a steet op der Barrageplaz, allerdéngs och nach mat engem Match manner.
Op där anerer Säit hat sech den Dubleegewënner nees fir d’Gruppephas vun der Europa League qualifizéiert. En Donneschdeg ass do den 1. Match fir Joubert a Co. op Zypern.
De Ferrera gouf gelueft fir seng futtballeresch Kenntnisser, krut awer Defiziter an der sozialer Kompetenz souwuel mat de Spiller, wéi mat de Leit aus dem Veräin nogesot.
Den neie Co-Trainer, de fréiere belschen Internationalen, Bertrand Crasson, soll den Interim maachen.