Wärend dem Match F91-QarabagAutoen am Parkhaus beim Stade Josy Barthel vandaliséiert

RTL Lëtzebuerg
Net nëmmen, dass et wärend dem Match en Tëschefall mat enger Dron gouf, am Parkhaus an der Géigend vum Stadium koum et zu Abréch an e puer geparkte Ween.
© Twitter / Di Filippo

Wéi d’Police e Freideg de Moie mellt, hunn Onbekannter d’Geleeënheet genotzt, fir am Parkhaus an der Rue d’Ostende, tëscht 19.45 an 23 Auer wärend dem Futtballsmatch tëscht dem F91 a Qarabag, d’Fënstere vun e puer Autoen anzeschloen. 7 Ween goufen esou opgebrach an duerchwullt.

Geklaut gouf ënner anerem e schwaarze Rucksak mat engem Macbook Pro, Kopfhörer an e Bic vun der Mark Montblanc, eng lieders Sacoche mat enger Tablet, eng Enveloppe mat Boergeld, en Dammemantel an een iPhone-Kabel.

D’Police ermëttelt.

RTL NEWS: Dron provozéiert Match-Ënnerbriechung Op Twitter hat ee Visiteur, dee wuel selwer betraff war, gemellt, dass Onéierlecher am Parkhaus an der Géigend vum Stade Josy Barthel um Wierk waren.

Back to Top
CIM LOGO