D'Mandy Minella hänkt no der Saison 2020 Tennisschong un de Nol, dat huet d'Lëtzebuergerin e Mëttwoch matgedeelt.

Aktuell ass d'Minella op Plaz 168 an der Weltranglëscht an hat 2012 mat der 66. Plaz hire beschte Ranking.

D'Mandy Minella huet 16 Titelen am Simple, dovun 15 um ITF Circuit, gewonnen.

Déi aner Woch wäert si och beim WTA-Tournoi op der Kockelscheier am Asaz sinn.

Portrait: Mandy Minella, bescht Lëtzebuerger Tennisspillerin
Mat 14 Joer ass d'Mandy Minella eng éischte Kéier opgefall. An de leschte Jore gouf et nieft villen erfollegräiche Momenter och méi schwiereg Zäiten.

Dernieft huet och d‘Cyclistin Chantal Hoffmann confirméiert, dass si no dëser Saison ophält. Si stoung 6 Joer laang als Profi bei der Formatioun Lotto-Soudal ënner Kontrakt.

© pressphoto.rtl.lu (Archiv)