
An den éischte 45 Minutten war Nidderkuer déi besser Ekipp a Stroossen konnt sech beim Schon bedanken, datt et an der Paus nach 0:0 stoung. An der 12. Minutt gouf et déi éischt gutt Chance fir Nidderkuer wéi den De Almeida mat sengem Schoss um Schon hänke bliwwen ass. Och an der 22. Minutt war et nees de Stroossener Kipper, deen dës kéier e Schoss vum Bastos konnt paréieren. No 33 Minutten huet d’Nummer 1 nach eng kéier seng Klass ënner Beweis gestallt wéi en e Schoss vum Vogel aus 30 Meter paréiert huet.
Och no der Paus war de Progrès weider déi dominant Ekipp, mee konnt weiderhi seng Chancen net notzen. An der 55. Minutt huet de Vogel aus kuerzer Distanz an dem Schon seng Äerm geschoss. Just 3 Minutt méi spéit war et op der anerer Säit de Flauss dee ganz staark e Ball vum Szimayer aus dem Wénkel geholl huet. Dono war Stroossen och besser am Match a war méi aggressiv. Mee et sollt kenger Ekipp méi e Gol geléngen sou dat et mat engem 0:0 op en Enn gaangen ass.
Déi weider Partië vum 10. Spilldag sinn e Sonndeg de Mëtteg um 16 Auer, mat ënnert anerem F91 Diddeleng géint Munneref a Racing géint Déifferdeng.