An der 2. Halleffinall vun der Rugby-WM ka sech Südafrika mat 19-16 géint Wales behaapten a sech fir d'Finall qualifizéieren.

An der Finall trëfft Südafrika elo op England, déi sech an der anerer Halleffinall géint den Titelverdeedeger Neiséiland konnten duerchsetzen.

Am Spill ëm Plaz 3, den 1. November, kënnt et dann zum Duell tëscht Neiséiland a Wales.

D'Finall ass den 2. November um 10 Auer eiser Zäit am International Yokohama Stadium.