E Samschdeg waren déi Rout Léiwe fir de Kont vum 2. EM-Match an der Conference 1 Nord a Schweden gefuerdert.

D'Lëtzebuerger Rubgy-Nationalekipp ass am fréie Samschdegowend zu Malmö géint Schweden ugetrueden. 14 Deeg no der 7:36-Defaite géint d'Tschechesch Republik wollten déi Rout Léiwe géint d'Skandinavier wichteg Punkte géint den Ofstig sammelen. Schweden huet sengersäits hieren 1. Match mat 26:22 géint Lettland gewonnen.

D'Ekipp vum Selectioneur Jonathan Flynn huet hir Saach um Samschdeg besser gemaach, wéi nach géint Tschechen a konnt de Match um Enn mat 13:0 gewannen. Eng souverän Victoire also fir d'Rout Léiwen.

Den nächsten Qualifikatiouns-Match ass de 2. Mee 2020 a Lettland.