
Am Massesprint zu Nevers setzt sech den Soren Waerenskjold virum Olav Kooij an dem Jasper Philippsen duerch. Den Hollänner gouf nodréiglech deklasséiert, esou datt de Milan Fretin elo als Drëtte gewäert gëtt. Dem Fretin säi Coequipier an eenzege Lëtzebuerger am Tour Alex Kirsch gëtt den 129 mat engem Retard vun 36 Sekonnen.
Am Generalklassement gouf et keng gréisser Ännerungen. Hei bleift de Slowen Tadej Pogacar am giele Maillot, dëst virum Dän Jonas Vingegaard an dem Belsch Remco Evenepoel. Den Alex Kirsch ass hei den 108.
Et goung vu Vichy iwwer 161,3 flaach Kilometer op Nevers. No dem schwéieren Dag vu gëschter am Massif Central, haten haut rëm d'Sprinter d'Chance, hir ganz Qualitéiten ze beweisen. No engem séieren Depart hat sech eng kléng Echappée vu 4. Coureuren op de Wee a Richtung Nevers gemaach. Mat un der Spëtzt war keen anere wéi de fréiere Weltmeeschter Julian Alaphilippe.
Den Tempo war extrem héich op dëser 11. Etapp an sou gouf déi éischte Stonn mat enger Moyenne vun 53 Kilometer an der Stonn gefuer. D'Ekipp vum Sprinter Tim Merlier hat direkt d'Initiativ ergraff an der Echappée net méi wéi 2 Minutten Avance ginn. 6 Kilometer virun der Arrivée gouf d'Echappée dunn agefaangen.
Op de leschte Metere war den Waerenskjold dee Séiersten a konnt seng ganz Stäerkt beweisen.