Tina Welter
D'Lëtzebuerger Handball-Nationalspillerin am Portrait
Portrait Tina Welter
Zanter September spillt d'Tina Welter an der éischter däitscher Bundesliga bei Frisch Auf Göppingen.
De leschte Week-end huet hir Ekipp zu Marpingen gewonnen.
D'Tina Welter ass déi éischt Lëtzebuergerin, déi de Sprong an déi 1. däitsch Handball-Bundesliga gepackt huet.
Ufanks September ass d'Noriicht komm, datt déi Lëtzebuerger Handball-Nationalspillerin Tina Welter e Kontrakt krut bei Frisch Auf! Göppingen aus der éischter däitscher Bundesliga. Et ass déi éischt Lëtzebuerger Handballspillerin, déi op deem Niveau aktiv ass.
E Kontrakt ze hunn an der 1. Däitscher Bundesliga, domat ass fir d’Tina Welter en Dram an Erfëllung gaangen.
D'Tina Welter ass och ënner den 9 Nominéierte fir d'Sportlerin vum Joer.
De Serge Olmo huet d'Lëtzebuergerin bei engem vun hire Matcher begleet.
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies