D'Grande-Duchesse Stéphanie huet e Mëttwoch de Service dropIn vun der Croix-Rouge am Garer Quartier besicht. D'Initiativ déi zanter 1998 besteet, riicht sech u Sexaarbechterinnen a Sexaarbechter a bitt hinnen an engem sécheren, neutralen an anonymme Kader medezinesch, sozial a psychologesch Ënnerstëtzung un.
Bei der Visitte krut d'Grande-Duchesse en Abléck an d'Aarbecht vum Team, dat sech dofir asetzt, d'Gesondheet vun de Betraffenen ze schützen an hir sozial Ausgrenzung ze bekämpfen. Déi gratis Offere reeche vu sozialer a juristescher Berodung iwwer medezinesch Consultatiounen bis hin zu engem Rou- a Réckzuchsraum.
Vill Beneficiairen hu mat verschiddene Problemer ze kämpfen, dorënner administrativ Schwieregkeeten, Wunnengsnout, finanziell Suergen oder kierperlech a psychesch Gesondheetsproblemer.
Nieft der Ënnerstëtzung am Zentrum féieren d'Ekippe vum dropIn och reegelméisseg Asätz op der Strooss duerch. Dobäi sensibiliséiere si fir d'Gesondheetspräventioun a maachen op hir Servicer opmierksam.
Iwwer de Programm EXIT begleet den dropIn ausserdeem Persounen, déi d'Milieu vun der Sexaarbecht verloosse wëllen, fir hinnen de Start an en neit Liewen ze erliichteren.