Unanime Kannergeld-Erhéijung an Hausse vun Aschoulungszoulag vum 1. Januar u gestëmmt

RTL Lëtzebuerg
D'Chamber huet um Donneschdeg unanime d'Kannergeld-Erhéijung an d'Hausse vun der Aschoulungszoulag vum 1. Januar u gestëmmt.
© RTL

Vum anere Joer u geet d'Kannergeld ëm 45 Euro pro Kand respektiv ëm 60 Euro vun 12 Joer un erop. Déi sougenannt "Allocation de rentrée scolaire" geet bis 11 Joer op 175 Euro respektiv vun 12 Joer un op 325 Euro erop. D'Regierung wéilt d'Familljen an der Breet ënnerstëtzen, sot den DP-Familljeminister Max Hahn op der Chambertribün. De Gesamtkäschtepunkt vun der Reform chiffréiert sech d'nächst Joer op 166 Milliounen Euro a wäert bis 2030 op 217 Millioune klammen.

Back to Top
CIM LOGO