Nodeems de Luc Holtz en Donneschdeg schonn de Kader vun der Lëtzebuerger Nationalekipp bekannt ginn hat, steet och elo dee vu Serbien fest.

De 14. November spillt d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp hiren nächste Match an der Europameeschterschafts-Qualifikatioun. D'Roud Léiwe kréien et auswäerts mat Serbien ze dinn.

De serbeschen Nationaltrainer Ljubisa Tumbakovic huet e Freideg säi Kader bekannt ginn. Net mat dobäi sinn de Luka Jovic vu Real Madrid an de Nemanja Matic vu Manchester United. Am Kader steet den Ajax-Spiller Dusan Tadic.

De Lëtzebuerger Nationaltrainer Luc Holtz hat en Donneschdeg säi Kader fir d'Matcher géint Serbien a Portugal bekannt ginn. Net mat dobäi ass de Christopher Martins. De Spiller vun de Young Boys Bern huet no enger Blessur nees mat liichtem Training ugefaangen an dierft nach e puer Wochen ausfalen.
De Kader vun de Serben:

Gol: Marko Dmitrovic (Eibar/E), Predrag Rajkovic (Reims/F), Emil Rockov (Vojvodina)

Verteidegung: Marko Gobeljic (Roter Stern Belgrad), Aleksandar Kolarov (AS Rom/I), Nikola Maksimovic (Neapel/I), Filip Mladenovic (Lechia Gdansk/PL), Nemanja Milunovic (Roter Stern Belgrad), Nikola Milenkovic (Fiorentina/I), Nemanja Miletic (Partizan Belgrad), Milan Rodic (Roter Stern Belgrad), Uros Spajic (Krasnodar/RUS)

Mëttelfeld: Filip Duricic (Sassuolo/I), Mijat Gacinovic (Frankfurt/D), Nemanja Gudelj (FC Sevilla/E), Filip Kostic (Frankfurt/D), Adem Ljajic (Besiktas/TUR), Sasa Lukic (FC Turin/I), Nemanja Maksimovic (Getafe), Sergej Milinkovic-Savic (Lazio Rom/I), Luka Milivojevic (Crystal Palace/ENG), Nemanja Radonjic (Marseille/F), Dusan Tadic (Ajax)

Stuerm: Dorde Despotovic (FC Orenburg/RUS), Aleksandar Mitrovic (Fulham/ENG), Milan Pavkov (Roter Stern Belgrad), Andrija Pavlovic (APOEL Nikosia/CYP)