De Norweger konnt sech no 10 Kilometer viru sengem Brudder Tarjei Bö an dem Russ Matwej Jelissejew duerchsetzen. Bei den Damme wënnt d'Dorothea Wierer.

Um Sonndeg konnt de Vainqueur vum General vun der leschter Saison och den éischte Sprint vun der neier Saison fir sech entscheeden. Um Enn hat de Johannes Thingnes Bö 19 Sekonnen Avance op säi Brudder Tarjei Bö. Drëtte gouf de Russ Matwej Jelissejew, deen nëmmen 90 Honnertstel Retard op den Zweetplacéierten hat.
Soumat ass de Johannes Thingnes Bö och den éischte Leader vum General vun der neier Saison.

Bei den Damme war d'Victoire fir d'Dorothea Wierer aus Italien. No 7,5 Kilometer hat si eng Avance vu gutt 8 Sekonnen op d'Marte Olsbu aus Norwegen. Drëtten Damm gouf d'Marketa Davidova aus Tschechien.