Iwwert déi sozial Netzwierker huet déi fréier Numm 1 matgedeelt, datt si no den Australian Open 2020 d'Tennisracket un den Nol hänkt.

Um Freideg huet d'Caroline Wozniacki matgedeelt, datt deen éischte Grand-Slam-Tournoi vun der Saison 2020 hire leschte wäert sinn. Déi fréier Nummer 1 op der Welt hält no den Australian Open mam Tennis op, dat huet d'Wozniacki iwwer Instagram matgedeelt.

Déi 29 Joer al Dänin stoung 71 Wochen un der Spëtzt vun der Weltranglëscht. Si huet 30 Titelen op der WTA-Tour gewonnen an der 4 um ITF-Niveau. D'Wozniacki huet 1 Grand Slam an hirer Karriär gewonne, dat waren 2018 d'Australien Open.