Nom organisatoresche Succès vun de European Open an der Coque krut een och bei der Première an der Stroossbuerger Strooss flott a spannend Kämpf gebueden. Mee de Label vun enger Randsportart ass schwéier lass ginn, dat wëssen och déi Responsabel vun der Federatioun. Do huet et och net gehollef, dass bei der Elite nëmmen 18 Judokaen a 7 vu méigleche 14 Kategorien ugetrueden sinn. Deemno ginn et Iwwerleeunge bei der Flam Judo, d'Championnat vun de Kader-Athleten an d'Championnat d'Honneur zesummenzeleeën.
Net nëmme quantitativ war d'Championnat vun der Elite e Samschdeg net immens gutt besat, mee och qualitativ sicht ee bei der Federatioun no ëmmer neie Weeër, fir Judokae mat internationalem Niveau ze forméieren. An dofir gouf vru ronn engem Joer den Alexander Lüdeke agestallt, deen no der duerchwuessener Ära vum Ralf Heiler fir e Mentalitéitswiessel suerge wëll.
Virun e puer Joer war de Lëtzebuerger Judo mat bis zu 7 Athleten op der World Tour vertrueden. Aktuell hunn nëmmen nach déi blesséiert Anetka Mosr an de Claudio Nunes Dos Santos internationaalt Format. An déi zwee sinn nach Junioren.
Eng Evolutioun, déi och den Alexander Lüdeke e bësse bedauert.
Den Alexander Lüdeke huet d'Kenza Cossu schonn ugeschwat. Déi 15 Joer al Judoka konnt e Samschdeg de Championstitel bei de Seniorinne bis 63 Kilo gewannen an huet dobäi ëmmerhin d'Champione bis 57 Kilo a COSL-Promotiounskader-Athletin Kim Eiden geklappt.
Weider Titele ginn un d'Monique Kedinger, de Chris Réideng, den Tom Schmit, den Erwan Eggermont an un den Denis Barboni. Am spannendste war et an der Kategorie ënner 73 Kilo, wou de Claudio Nunes Dos Santos de Samuel Cossa eréischt am Golden Score ausbremse konnt. De sensationellen 9. bei der Senior-WM ass aktuell d'Nummer 16 op der Welt bei den Junioren an huet den Dram vun den olympesche Spiller nach net opginn, och wann d'Chancen als 54. vum Ranking éischter minimal sinn.