City klappt Leicester, Barca a PSG gewannen

© AFP
Iwwerdeems ass Leipzig an Däitschland Hierschtmeeschter an Everton a Arsenal spillen 0:0 gläich. Monaco iwwerrennt Lille mat 5:1.
Um Samschdeg stoungen am internationale Futtball eng sëlleg Matcher um Programm. An der däitscher Bundesliga kann sech Leipzig no der 3:1-Victoire géint Augsburg Hierschtmeeschter nennen.
Premier League
FC Everton - FC Arsenal 0:0
Béid Ekippen hunn a deenen leschten Deeg virun allem nieft dem Terrain fir Opmierksamkeet gesuergt. Den FC Everton huet virum Match bekannt ginn, dass de Carlo Ancelotti neien Trainer gëtt, a de FC Arsenal huet mam Ex-Spiller Mikel Arteta och e neien Trainer ënner Kontrakt geholl. Béid Trainer sollten um Samschdeg awer nach net un der Säitelinn stoen.
Wärend dem Match huet een gesinn wisou béid Ekippen e neie Trainer brauchen. Souwuel Everton wéi och Arsenal hunn an deenen éischten 45 Minutten ganz wéineg gewisen a béid Formatiounen hu sech am Mëttelfeld neutraliséiert. Déi beschte Chance hat de Sigurdsonn fir Everton mat engem Fräistouss. No der Paus hunn d'Spectateuren e besseren Match gesinn, béi deem trotz alle Beméiungen vu béiden Ekippen kee Gol méi falen sollt. No zéien 90 Minutte trennen sech béid Ekippen mat 0:0.
Manchester City - Leicester City 3:1
0:1 Vardy (22'), 1:1 Mahrez (30'), 2:1 Gündogan (43'), 3:1 Gabriel Jesus (69')
Manchester City war vu Ufank u déi besser Ekipp, ma huet et awer net fäerdeg bruecht de Ball an de Filet ze setzen. Sou war et dunn de Jamy Vardy deen no engem Konter de Score op 1:0 gesat huet. City huet nom Réckstand de Drock weider héich gehalen an sou konnte sech d'Haushären an der 30. Minutt duerch de Mahrez belounen. Kuerz virun der Hallschent ass et dunn am Strofraum vu Leicester zu engem Foul vum Pereira um Sterling komm. Den Eelefmeter huet de Gündogan an de Filet gesat, sou dass City mat enger 2:1 Féierung an d'Paus gaangen ass.
An der 69. Minutt huet de De Bruyne no enger flotter Aktioun de Gabriel Jesus an Aktioun gesat, deen de Score op 3:1 erhéijen konnt. Dëst soll och d'Schlussresultat sinn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
La Liga
FC Barcelona - Deportivo Alavés 4:1
1:0 Griezmann (14'), 2:0 Vidal (45'), 2:1 Pons (56'), 3:1 Messi (69), 4:1 Suárez (75')
Barcelona hat an der 2. Hallschent guer keng Problemer mat Alavés a ass mat engem 2:0 Avantage an d'Paus gaangen. An der 56. Minutt hunn d'Gäscht duerch den Pons wuel de Uschlossgol markéiert, ma richteg spannend ass de Match awer net méi ginn. Messi a Suárez hunn mam drëtten a véierte Gol fir Barcelona fir d'Entscheedung gesuergt. D'Katalanen wanne mat 4:1 a bleiwen domat un der Tabellespëtzt vun der La Liga.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Serie A
Inter Mailand - CFC Genua 4:0
1:0 Lukaku (31'), 2:0 Gagliardini (33'), 3:0 Esposito (64'), 4:0 Lukaku (71')
Inter Mailand hat um Samschdeg iwwerhaapt keng Problemer mat Genua a konnt sech no staarken 90 Minutte mat 4:0 duerchsetzen. Inter bleift no der Victoire weiderhin un der Tabellespëtzt vun der Serie A, punktgläich mat Juventus Turin, déi allerdéngs méi eng schlecht Goldifferenz virzeweisen hunn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
PSG - SC Amiens 4:1
1:0 Mbappe (10'), 2:0 Neymar (46'), 3:0 Mbappé (65'), 3:1 Mendoza (70'), 4:1 Icardi (84')
Paris huet um Samschdeg den Owend keng Problemer mat Amiens gehat a huet de Match vu Ufank u dominéiert. Mat der 4:1-Victoire bleift de Titelverdeedeger mat 45 Punkte weiderhin un der Tabellespëtzt.
AS Monaco - OSC Lille 5:1
0:1 Osimhen (14'), 1:1 Martins (23'), 2:1 Keita (29'), 3:1 a 4:1 Ben Yedder (53' a 65'), 5:1 Glick (90+3')
No 14. Minutte louche d'Monegasse mat 0:1 hannen. An der Suite vum Match huet Monaco 1 Gang eropgeschrauft, a Lille um Enn keng Chance gelooss. Eng souverän Victoire fir Monaco.
Dijon FCO - FC Metz 2:2
0:1 Diallo (14') 1:1 Amalfitano (18'), 2:1 Balde (42'), 2:2 Maiga (90+1')
Trotz freier Féierung louch Metz an der Hallschent mat 2:1 hannen. An der Nospillzäit (90+1') huet dunn de Maiga nach zum 2:2-Ausgläich fir Metz getraff.
Olympique Marseille - Olympiques Nîmes 3:1
1:0 Alakouch (46'), 2:0 Benedetto (65'), 3:0 Payet (81'), 3:1 Briancon (90+2')
Marseille bleift duerch den 3:1 Erfolleg op der 2. Tabelleplaz a Frankräich.